Vum 26. bis 30. Oktober 2026
Zesummen entwéckele mir
eng demokratesch Kultur!

Déi kleng Geschicht…
D’Woch vun der Demokratie gouf 2021 an Zesummenaarbecht mat e puer Pilotlycéeën an d’Liewe geruff. 2022 gouf se offiziell op all Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement secondaire ausgebaut, a säit 2024 riicht se sech och un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental an un den non-formale Bildungssecteur.
Hutt Dir Froen zur Woch vun der Demokratie?
Kuckt eis FAQ!
D’Editioun 2026 ass d’Resultat vun enger kollektiver an demokratescher Organisatioun tëscht verschiddenen Acteuren, déi sech fir eng méi partizipativ an engagéiert Gesellschaft asetzen.
Si gëtt vum CePAS, dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), der Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL), dem Jugendrot, dem Service fir d’Rechter vum Kand vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Agence pour le développement de la qualité dans les secteurs de l’Enfance et de la Jeunesse (ADEQSEJ), der Generaldirektioun vum Kannerberäich, der Generaldirektioun vum Fondamental an dem Kannermusée PLOMM ëmgesat.
Jidderee vun dëse Partner bedeelegt sech aktiv un der Planung, der Koordinatioun an der Ëmsetzung vun den Aktivitéite vun der Woch.
Service des droits de l’enfant (SDE)
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend koordinéiert d’Woch vun der Demokratie iwwer säi Service des droits de l’enfant, d’Direction Générale du Secteur de l’Enfance, d’Direction Générale de l’Enseignement fondamental an de CePAS.
De Service des droits de l’enfant garantéiert d’Ëmsetzung vun der Internationaler Kannerrechtskonventioun a Kollaboratioun mat de verschiddene Ministèren, Institutiounen an Organisatiounen, déi mat dëser Missioun beoptraagt sinn.
Hie mécht och bei interministerielle Koordinatiounen an den Aarbechte vun internationalen Organer mat, déi d’Konventioune kontrolléieren, déi Lëtzebuerg am Beräich vun de Kannerrechter ratifizéiert huet, an déi den Austausch vu gudde Praktike fërderen, déi um nationale Plang iwwerholl kënne ginn.
A Partnerschaft mat privaten Organisatioune erstellt de Service Guiden, Referenzdokumenter souwéi Sensibiliséierungsaktiounen a Campagnen.
Seng Aarbecht baséiert op de véier Grondprinzippie vun der Kannerrechtskonventioun:
- Non-Diskriminatioun;
- D’Wuel vum Kand
- D’Recht op Iwwerliewen an Entwécklung;
- D’Recht op Participatioun
Direction Générale du Secteur de l’Enfance (DGE)
D’Direction Générale du Secteur de l’Enfance (DGE) ass zoustänneg fir d’Autorisatiounen auszestellen, déi néideg sinn, fir eng Aktivitéit am non-formalen Bildungssecteur auszeféieren, an dréit och zur Finanzéierung vun de Betreiungs- a Bildungsstrukture bäi. D’DGE këmmert sech ëm d’administrativ Dossieren, gëtt fachlech an administrativ Avisen, an ass zoustänneg fir Kontroll a Finanzverwaltung, haaptsächlech iwwer de Chèque-Service Accueil an d’finanziell Iwwerwaachung vu sougenannte konventionéierte Strukturen.
Fir d’Qualitéit am Secteur ze harmoniséieren, definéiert d’DGE Qualitéitsstandarden a suergt fir hir Ëmsetzung – souwuel op strukturellem wéi och op pedagogeschem Niveau –, wéi et am gesetzleche Kader an am Nationale Referenzkader vun der non-formaler Bildung fir Kanner a Jugendlecher festgehalen ass. Dës Standarden garantéieren d’Respektéiere vun de Grondprinzippie vun der non-formaler Bildung: Kannerrechter, Inklusioun, Participatioun a Plurilinguismus.
D’Direktioun suergt duerch reegelméisseg Kontrolle fir d’Konformitéit mat de gesetzlechen Normen an traitéiert Reklamatiounen a Beanstandungen, déi de Fonctionnement vun de Strukture betreffen.
Fir op gesellschaftlech Entwécklungen ze reagéieren, besteet hir Missioun doran, e gesetzleche wéi och finanzielle Kader ze schafen, deen eng diversifizéiert, accessibel, gerecht an inklusiv Bildungsoffer erméiglecht an d’ Wuelbefanne vun de Kanner fërdert. D’Entwécklung vun Educatiounspoliticken an d’strategesch Orientéierung geschéien an enker Zesummenaarbecht mat de Vertrieder:innen aus dem non-formale Bildungssecteur.
D’Roll vun der DGE ass och, d’non-formal Bildung ze promouvéieren an d’educativ Missioun vun dëse Strukture méi visibel a verständlech ze maachen.
Agence fir d’Entwécklung vun der Qualitéit an den Enfance- a Jugendsecteuren (Agence Qualitéit – AQUEN)
Déi nei Agence fir Qualitéitsentwécklung an de Beräicher Kanner a Jugend (AQUEN) begleet d’Fachleit aus de verschiddene Beräicher vun der non-formaler Bildung bei der kontinuéierlecher Qualitéitsentwécklung.
D’AQUEN baut op de Fortschrëtter op, déi säit 2016 am Beräich vun der Qualitéitssécherung an der Qualitéitsentwécklung am Secteur vun der non-formaler Bildung gemaach goufen – engem Beräich, deen eng wesentlech Roll fir d’Entwécklung an d’Entfalung vun de Kanner a Jugendleche spillt. Si stellt de Fachleit an hire Strukturen hir Expertisen zur Verfügung, fir si bei engem kontinuéierleche Verbesserungsprozess ze begleeden an déi qualitativ Weiderentwécklung vum Secteur ze ënnerstëtzen.
D’Qualitéitsagence wëll déi néideg Begleedung ubidden, fir gutt Iddien a konkret Projeten ëmzesetzen, déi och fir aner Strukturen nëtzlech kënne sinn. Déi bescht Léisunge fir de Secteur entstinn do, wou Kanner a Jugendlecher am Alldag begleet ginn.
An dësem Sënn wëll d’Qualitéitsagence an Zesummenaarbecht mat allen Acteuren um Terrain:
- d’Qualitéit an de Strukture mat Hëllef vun de QUALITÉITSBERODER weiderentwéckelen;
- d’Innovatioun duerch den Innovatiounsraum vun der AQUEN, LUMIQ – Liicht op Innovatioun a Qualitéit, fërderen an opwäerten;
- d’Fachleit duerch den nationale Formatiouns-, Coaching- a Prozessbegleedungsdispositif vu PLATTFORM stäerken.
Psycho-sozialen a schoulesche Begleedungszenter (CePAS)

De CePAS engagéiert sech dofir, d’Entfalung an d’Wuelbefanne vun de Jonken an der Schoul ze fërderen – souwuel op perséinlechem wéi och op tëschemënschlechem a schouleschem Plang. Dëst Zil gëtt an Zesummenaarbecht mat allen Acteure vun der Schoulgemeinschaft ëmgesat, dorënner och d’Schülerinnen a Schüler an hir Familljen.
D’Wuelbefannen an der Schoul setzt nämlech e Klima viraus, an deem d’Schülerinnen a Schüler sech sécher, wäertgeschätzt a respektéiert fillen, sech aktiv un de schouleschen a sozialen Aktivitéite bedeelegen, e positiivt Selbstwäertgefill entwéckelen a selbststänneg handelen. Dës Approche baséiert op der Zesummenaarbecht vun allen Acteure vun der Schoul, déi gemeinsam d’Wuelbefanne vun de Schülerinnen a Schüler ënnerstëtzen.
Seng Haaptmissioun ass d’Promotioun vum Wuelbefannen, der mentaler Gesondheet, der non-formaler Bildung an der Participatioun vun de Jonken am Schoulëmfeld.
Hei fannt Dir eng Rei Dokumenter zur Woch vun der Demokratie 2025 vum CePAS:
Agenda – Woch vun der Demokratie 2025 (PDF)
Opruff zur Participatioun – Iddie-Debatten an der Demokratie 2025 (PDF)
Charte – Woch vun der Demokratie 2025 (PDF)
Praktesche Guide – Woch vun der Demokratie 2025 (PDF)
Woch vun der Demokratie – CePAS – Lëtzebuerg
Méi gewuer ginnZentrum fir politesch Bildung

Zanter 10 Joer ass den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) eng onofhängeg Stëftung, där hir Missioun et ass, d’Biergerschaft ze fërderen, andeems si e bessert Verständnis vun der Demokratie an den aktuelle gesellschaftlechen Erausfuerderungen erméiglecht. Dobäi leet den ZpB e besonnesche Schwéierpunkt op den Engagement vu Kanner a Jugendlechen, riicht sech awer un déi ganz Bevëlkerung.
Ënnert dem Motto « Demokratie léieren a liewen » begleet den ZpB Kanner, Jugendlecher an Erwuessener dobäi, politesch Mechanismen, Prozeduren a grondleeënd demokratesch Prinzippie kennenzeléieren. D’Zil ass et, dës Konzepter konkret an accessibel ze maachen an sou d’demokratesch Kultur an der Schoul, an der non-formaler Bildung an an der Gesellschaft am Allgemengen ze stäerken.
Den ZpB encouragéiert eng aktiv Biergerbildung a steet fir eng lieweg a participativ Demokratie an. Och dëst Joer organiséiert den ZpB – a Kollaboratioun mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend – d’Konferenz « Meng Stëmm, Mäin Impakt – Kanner schwätze mat! ».
Op der Websäit www.zpb.lu fannt Dir didaktescht Material fir ze consultéieren an erofzelueden, dat un déi verschidden Zilgruppe vun der Woch vun der Demokratie a vun der Citoyenneté ugepasst ass, souwéi all d’Detailer iwwer déi pedagogesch Offer an eisem Katalog.
Méi gewuer ginnNationale Schülerrot vu Lëtzebuerg (CNEL)

D’Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) ass eng onofhängeg Plattform, déi d’Schüler:innen um nationale Niveau vertrëtt. Si vereenegt d’Representant:innen aus alle Lycéeën am Land, déi an hire Schoule gewielt goufen, fir d’Stëmm vun de Schüler:innen op nationalem Plang sichtbar ze maachen.
D’CNEL erméiglecht et de Jonken, sech zu Themen auszedrécken, déi hire Schoulalldag an hir Zukunft betreffen, an hëlt eng berodend Roll géintiwwer dem Ministère fir Educatioun an. D’Memberen diskutéieren, formuléiere konkret Virschléi a verfaassen offiziell Avisen zu verschiddenen Thematiken – wéi zum Beispill d’Schoulprogrammer oder aner Froen, déi d’Jugend direkt betreffen.
Méi gewuer ginnJugendrot

Gegrënnt an den Ufanksjoere vun de 1960er ënner dem Numm Conférence Générale de la Jeunesse Luxembourgeoise (CGJL asbl), ass de Jugendrot den Daachverband, deen déi verschidde Jugendorganisatiounen am Grand-Duché vereenegt.
Seng Membere kommen aus villerlee Ëmfeld: politesch Beweegungen, Gewerkschaften, Scout- a Guide-Beweegungen, soziokulturellen a sozioedukative Beräicher, mee och aus dem Fräizäitsecteur. Mat engem breede Spektrum vu 35 Memberorganisatioune vertrëtt de Jugendrot / CGJL d’Stëmm vun de Jonken – national wéi och international.
Seng Offer ëmfaasst:
- Formatiounen,
- Encadrementservicer fir de Jugendparlament an den CNEL (Conférence Nationale des Elèves),
- d’Organisatioun vum Rallye Citoyen a vun der Convention des Jeunes,
- Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnen,
- Rondëschgespréicher a Konferenzen iwwer demokratesch Prozesser an aktiv Biergerschaft.
Kannermusée PLOMM

Duerch Konscht a Kultur lieft a fërdert de Kannermusée PLOMM d’Participatioun vu Kanner. Mat kënschtlereschen a kulturellen Erliefnesser ginn d’Kanner vun 0 bis 12 Joer encouragéiert, sech auszetauschen, hir Kreativitéit z’entwéckelen an hiert kritescht Denken ze stäerken.
Zanter 2023 ass de Kannermusée PLOMM ee vun de Ressourcenzentere fir d’non-formal Bildung zu Lëtzebuerg. Mat engem staarke Fokus op d’Participatioun vun de Kanner bitt hien och dem Personal aus dem Bildungssecteur pedagogesch Ënnerstëtzung, wärend hie gläichzäiteg d’Methoden aus der non-formaler Bildung entwéckelt a promouvéiert.
D’Permanent-Ausstellung „De Bam vun de Geschichten“, zesumme mat temporären Ausstellungen an Atelieren am Musée zu Wolz, erméiglecht et de Kanner, an ënnerschiddlech Welten anzedauchen. Si ginn invitéiert, hir Iddien ze deelen a sech als Fuerscher:innen a Kënschtler:innen ze verstoen.
Mat dem Zil, d’Stëmme vun de Kanner ze lauschteren an ze valoriséieren, engagéiert sech de Kannermusée PLOMM fir den Dialog tëscht Kanner an Erwuessenen ze fërderen an demokratesch Wäerter ze stäerken. Gläichzäiteg ënnerstëtzt en d’Froestellungen, d’Ausdrocksformen an d’kreativ Prozesser vu Kanner. Als verantwortlech Bierger:innen vun haut a vu muer ginn si encouragéiert, mat Freed um Léieren, hiert vollt Potenzial z’entwéckelen.
Méi gewuer ginn

