+Plus d'info : Atelier « YOUstice »Atelier « YOUstice »
Zanter véier Joer organiséieren de Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an d’Justizverwaltung zesummen de YOUstice Atelier, an deem Jonker d’Grondlage vum lëtzebuergesche Justizsystem kenneléieren.
Um Internationalen Dag vun de Kannerrechter empfänken de ZpB an d’Justizverwaltung eng Klass op e spezielle YOUstice Atelier, deen sech de Kannerrechter widmet. D’Themen, déi am laf vum 20. November behandelt ginn, sinn ënner anerem:
• Recht a Gerechtegkeet
• Di international Kannerrechtskonventioun
Am Laf vum Dag hunn d’Kanner och d’Méiglechkeet, sech mat Experte vum Terrain am Beräich Kannerrechter auszetauschen – dorënner mat Affekoten, Staatsanwält an dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (Okaju).


