20. November 2025
D’Rechter vum Kand –
dat geet jiddereen eppes un!
De Weltkannerdag, deen all Joer den 20. November gefeiert gëtt, erënnert un den Dag, wou d’International Kannerrechtskonventioun 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl gouf. Dës Konventioun, déi vu bal allen Natiounen op der Welt ratifizéiert gouf, definéiert 54 Kannerrechter, dorënner d’Recht op Liewen, Gesondheet, Educatioun an op Spill.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend koordinéiert – iwwer säi Service des droits de l’enfant – d’Ëmsetzung vun der Konventioun zu Lëtzebuerg. A Kooperatioun mat ville ëffentlechen a privaten Acteuren setzt hien sech fir d’Promotioun an de Schutz vun de Kannerrechter an allen Beräicher vum Alldag an.
All Joer, ronderëm den 20. November, ginn am ganze Land vill Aktiounen an Aktivitéiten organiséiert, déi Kleng a Grouss invitéieren, aktiv un der Verdeedegung vun de Kannerrechter matzemaachen:
🎭 Atelieren, Ausstellungen, Konferenzen
🎨 kreativ Projeten an de Schoulen an an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen
🎉 Eventer fir Kleng a Grouss
Deelt är Aktivitéiten an är Initiativen am Kader vun dësem Dag
Staarkrechter.lu
Eng Websäit fir d’Kannerrechter bekannt ze maachen
D’Kannerrechter mat engem Klick entdecken!
Fir d’Kannerrechter besser kennenzeléieren, huet de Ministère 2025 d’Websäit www.staarkrechter.lu lancéiert.
Dës Säit ass op Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch an Englesch disponibel a riicht sech u Kanner a Jugendlecher tëscht 6 bis 18 Joer.
Als gläichzäiteg informativ, pedagogesch an interaktiv Internetsäit konzipéiert, bitt d’Säit eng adaptéiert Ënnerstëtzung, fir seng Rechter besser ze verstoen, nëtzlech Ressourcen ze entdecken an aktiv fir hir Verdeedegung zu Lëtzebuerg anzetrieden.
D’Säit kann als pedagogeschen Tool an de Klasse vum Enseignement Fondamental a Secondaire benotzt ginn, mee och an non-formale Bildungsaktivitéiten. Si ass och doheem eng wäertvoll Ressource, déi et Elteren, Familljen a Frënn erlaabt, d’Kannerrechter op eng spilleresch an edukativ Aart unzegoen.
Dir fannt do ë. a. Informatiounen iwwer d’Geschicht vun de Kannerrechter esou wéi iwwer hir Bedeitung an hir Ëmsetzung zu Lëtzebuerg.
